Skip to main content
Zurück

Homeschooling : Och hei fir Cybersécherheet suergen

Nodeems d’Schoulen hier Dieren hu missen zou maachen, sti fir d’Schüler zu Lëtzebuerg
wuertwiertlech Hausaufgaben um Programm. Jidderee muss sech u nei Léiermethoden an
un dat domat verbonnen technescht Equipement gewinnen. Fir datt dës nei pedagogesch
Experienz Uklang fënnt, muss och fir Cybersécherheet gesuergt ginn.

Et ginn haaptsächlech 3 Punkten déi iwwerwaacht musse ginn :

a. d’Material (Computer, Tablet,…)
b. d’Applikatiounen
c. d’Connectioun

Material

1. Maacht reegelméisseg Updaten (mise à jour) vun deenen Apparater déi fir d’Online-
Course gebraucht ginn.
2. Am beschte benotz Dir e separate Computer dee nëmme fir d’Schoulaarbecht
gebraucht gëtt. Ass dat net méiglech, dann installéiert separat Konten (Account) fir
déi aner Famillijememberen.
3. Evitéiert Interfacen ewéi USB-Sticks, Späicherkaarten, etc vun deenen Dir d’Hierkonft
net kennt, unzeschléissen.
4. Installéiert en Antivirus Programm an aktualiséiert en reegelméisseg.
5. Vergewëssert Iech datt Äre Computer gespaart a gutt verstaut ass, wann en net
gebraucht gëtt.

Applikatiounen

1. Benotzt nëmmen Programmer a Plattformen déi Iech vum Schoulministère fir
d’Schoulaarbecht zur Verfügung gestallt ginn .
2. Suergt dofir, datt all d’Programmer an Applikatiounen déi op Ärem Computer
installéiert sinn, um leschte Stand sinn.
3. Léierpersonal: vergewëssert Iech, datt d’Schüler wierklech hire perséinleche Login
gebrauchen.
4. Schüler an Elteren: benotzt ëmmer Äre perséinleche Login a changéiert dat initial
Passwuert dat Iech matgedeelt gouf.
5. Ännert dat Passwuert dat Iech matgedeelt gouf fir Accès op dee Kont ze kréien.
Benotzt e staarkt Passwuert mat klengen a grousse Buschtawen, Zuelen an Zeechen.
6. Weiderleede vun Daten: Benotzt nëmmen déi Systemer déi Iech vum
Schoulministère fir den Transfert vun Donnéeën zur Verfügung gestallt goufen.
Benotzt op kee Fall allgemeng ëffentlech Cloud Servicer.
7. Benotzt nëmmen Är Schoul Email Adress fir Messagen ze schécken

Connectioun

1. Verbannt Iech NET op en ëffentleche Reseau, net op een den Iech net bekannt ass an
Net op een dee net geséchert ass.
2. Vergewëssert Iech, datt Äre Wi-Fi Zougang doheem geséchert ass ( d’Netzwierk
muss verschlësselt sinn an ass nëmme mat engem Passwuert zougänglech)
3. Connectéiert Iech un den 3G oder 4G wann Dir keen Accès zu enger gesécherter
Wi-Fi Connectioun hutt.

Right Box

Sidd virsiichteg mat de Mailen déi Dir kritt an op de soziale Netzwierker. Et zirkuléieren
allerhand gelunge Messagen iwwert de COVID-19. Dat sinn haaptsächlech
– Fake News: Fir Iech iwwert d’Entwécklung vum COVID-19 um Lafenden ze halen,
informéiert Iech op den offizielle Site vum Staat an unerkannte Medien;
– Phishing-Maile beinhalte Links zu falsche Siten, déi Iech Passwierder froen;
– Arnaque-Messagen, déi Iech z.B. Schutzmasken oder Mëttel géint de Coronavirus
ubidden ;

Hei gëtt et nëmmen ee Rot : iwwerleeën ier ee klickt !

Communiqué by SECURITYMADEIN.LU

Table of content